56e132d412e5bc41043d002283f72f55.jpg

Wij staan voor

Toerisme en vastgoed

Projets Lamy au Luxembourg

Fräizäitpark vum Wämper Séi, E Site deen op ass fir jiddereen

De Fräizäitpark vum Wämper Séi ass en touristesche Projet, konzipéiert an entworf vum belsche Grupp Lamy. Hei sinn de Bau vun engem Hotel mat engem Wellnesszenter an engem Konferenzzenter sou wéi e ganz neit Vakanzenduerf virgesinn. Deen neie Projet soll den aktuelle Camping beim Séi ersetzen. 

projet weiswampach lamy lacs parc de loisir 600X400

Fräizäitpark vum Wämper Séi, E Site deen op ass fir jiddereen !

De Fräizäitpark vum Wämper Séi ass en touristesche Projet, konzipéiert an entworf vum belsche Grupp Lamy. Hei sinn de Bau vun engem Hotel mat engem Wellnesszenter an engem Konferenzzenter sou wéi e ganz neit Vakanzenduerf virgesinn. Deen neie Projet soll den aktuelle Camping beim Séi ersetzen.

Sportlech Aktivitéiten a verschidde Spiller ginn den Touriste vum Site um Waasser a ronderëm proposéiert, ënnert anerem:

Spillplaz fir Kanner, opblosbar Inselen am Waasser, Terraine fir Beachvolleyball, awer och Waasserski, en Abenteuer- a Kloterpark ... an nach vill Aneres!

Déi Leit, déi gär spadséiere ginn oder mam Vëlo fueren, kënnen d'Schéinheet vun der Landschaft a vun der Natur genéissen, wärend d’Waassersportler eng Hällewull vun Aktivitéiten ugebuede kréien.

De Grupp Lamy huet en ähnleche Projet un de «Lacs de l’eau d’Heure» an der Belsch entwéckelt, deen Dir op www.goldenlakesvillage.be fannt.

projet weiswampach infographie 1 600X400

een projekt, 3 beräich

  • Hotelberäich

Hotelresidenz mat 86 Zëmmeren & Suiten, engem Wellnessberäich, engem Konferenzenter, engem Restaurant an enger Bar / Terrass.

  • Fräizäitberäich

Aktivitéits- a Fräizäitzenter fir Jonk an Al, fir Kleng a Grouss, mat 5 Zentre ronderëm déi 2 Séien : Cable Park, Fun Park, Natura Park, Aqua Park & Vita Park.

  • CABLE PARC
    E Waasserski-Liftzenter fir Waasserski a Wakeboard um Séi, mat Kabel gezunn.
  • FUN PARC
    D’Rezeptioun vum Fräizäitzenter mat Brasserie, Vestiairen, iwwerwaachte Strand mat Spiller a Sportinfrastrukturen.
  • NATURA PARC
    Een Abenteuer- a Kloterpark am Bësch mat verschiddene Parcoursen an enger «Tyrolienne» iwwert de Séi.
  • VITA PARC
    E Fitnessparcours laanscht de Séi, e Parcours fir d’Gesondheet mat enger ganzer Rei vu Sportsaktvitéiten.
  • AQUA PARC
    Am Summer, en opblosbare Waasserpark um Séi mat enger Rei vu Rutschen, Trampolinen, all verbonne mateneen, déi um Séi schwammen.

  • Touristesche Beräich

88 VIP Vakanzenhaiser, déi déi 272 aktuell Campingplazen ersetzen. Logementer mat all Confort, déi d’Touriste vum Wämper Séi kënne lounen.

VIRDRUN / DUERNO

avant apres projet lamy weiswampach 1000X800

avant apres projet lamy weiswampach infographie

Mir äntweren op Är Froen!

Ech kann net méi op de Site goen.
FALSCH, de ganze Site bleift alle Leit zougänglech. Et war ni Rieds, de Site ronderëm de Séi ze privatiséieren. Mir privilegéieren d’Aktivitéite fir déi lokal Populatioun. D’Foussgänger kënne fräi um ganze Site zirkuléieren.

Ech kann net méi am Séi schwammen.
FALSCH, ganz am Contraire ! De Projet gesäit vir, d’Zon fir ze schwammen ze vergréisseren. Ausser am ënneschte Séi kann een an Zukunft och an den ieweschte Séi schwamme goen (d’Autorisatioun ass ugefrot).

Ech kann net méi am Séi fëschen.
FALSCH, déi aktuell Zon fir ze fësche bleift fir jiddereen op. Déi aktuell Evenementer wéi d’Fëscherconcourse bleiwe bestoen.

All Beem ginn ofgeholzt
FALSCH, d’Natur an d’Ekologie sinn Elementer, déi fir ons ganz wichteg sinn. De Projet gëtt komplett an d’Landschaft vun de Séien integréiert. Seng Lag ass gutt iwwerluecht a sou gewielt ginn, dass all Bëscher ronderëm wäitgehend bestoe bleiwen. D’Gebai gëtt no den neiste Critèren a punkto Energieeffizienz equipéiert an d’Constructioun ass der Landschaft ronderëm de Séi ugepasst ginn. Et handelt sech also éischter ëm eng Plus-Value a pukto Ëmwelt.

Dee Projet kascht d’Gemeng vill Suen.
FALSCH, net nëmmen, dass dee Projet d’Gemeng näischt kascht, mee indirekt bréngt en hir nach zusätzlech Einnahmen. Ausser dem Loyer pro Joer iwwerhëlt de Grupp Lamy d’Käschte fir de Site z’ënnerhalen an unzeleeën, dës Käschte brauch d’Gemeng also net méi ze bezuelen. Ausserdeem gëtt d’Gemeng nom Auslafe vum Kontrakt Propriétaire vun allen Investissementer ronderëm d‘Séien.

Dee Projet bréngt onser Gemeng guer näischt.
FALSCH, nieft den direkten an indirekten ekonomesche Virdeeler fir d’Regioun, ginn duerch de Projet ongeféier 60 nei Aarbechtsplaze geschaf a verschiddene Sekteuren. De Park stellt also eng reell ekonomesch Plus-Value fir d’Gemeng duer an ass eng Opwäertung vun der Regioun.

Meng Regioun gëtt iwwerschwemmt vun Touristen.
FALSCH, de Projet gesäit manner Iwwernuechtunge wéi den aktuelle Camping vir. Vun 272 Campingplaze geet et op 88 Vakanzenhaiser a 86 Hotelszëmmeren zréck, also 174 Logementer, dat heescht 35% manner wéi bis haut ! Mir wëllen d’Densitéit erofsetzen an d’Qualitéit vun den Infrastrukturen an der Landschaftsgestaltung eropsetzen.

Ech kann net méi vum Séi profitéieren.
FALSCH ! Ausser engem iwwerwaachte Strand mat Spiller a Sportinfrastrukture gëtt e Fräizäitzenter beim Séi gebaut. Jidderee kann also vun den Infrastrukturen an de proposéierten Aktivitéite profitéieren : Abenteuer- a Kloterpark am Bësch, opbloosbare Waasserpark, Waasserski, Fitnessparcours. D’Schoulklasse si selbstverständlech och wëllkomm bei all deenen Aktivitéiten.

Keng Evenementer méi rondrëm de Séi.
FALSCH ! All d’Evenementer ronderëm de Séi bleiwe bestoe wéi bis elo, an d’Organisatioun vun ëffentleche Manifestatiounen um Site (z. B. : den Triathlon) bleiwen och erlaabt. Nei Evenementer wäerten den Tourismus an der Gemeng nach beliewen.

Wéinst dem Kabelpark kann ech net méi am Séi fëschen.
FALSCH, de Kabelpark ass vun Oktober bis Abrëll zou. Wärend där Period ass d’Fëscherei um ënneschte Séi op. Méi wéi 30 Meter vum Ufer ewech behënneren d’Pottoe vun enger Héicht vun iwwer 9 Meter d’Fëschen um Séi net. (cf. Schema op de banneschte Säiten)

Kommt mir bleiwen a Kontakt

Dir hutt nach aner Froen?
Zéckt net fir Kontakt mat ons opzehuelen!

Contact

Publié op .